Eise Familljebetrib

Déi ganz Famill Miller-Mariany péckt aus Leidenschaft an Iwwerzeegung eng Hand mat u fir all d’Aarbecht ze meeschteren déi esou um Haff ufält . Säit Mee 2016 ass de Bauerebetrib op Bio ëmgestallt a spezialiséiert sech op Akerbau, Hénger a Mammekouhaltung.
Op ronn 40 ha gi Kléigras, Spelz, Fruucht, Summermengkären a Braugeescht ugebaut. 60 Limousin-Kéi mat Nozuucht an 20 Schof mat Lämmer liewen op ronn 70 ha Gréngfläch. Ausserdeem fëllen 4.000 Hénger déi 2 Ställ mat Liewen.
Nieft de Bioprodukter vun Eeër, Kären a Fleesch, bitt Miller-Mariany lo och verschidde Bio-Moschter un. De Moschter huet et der Famill richteg ugedoen a si këmmeren sech integral vum Ubau vun de Kären um Feld, iwwer d‘Veraarbechtung mat Virmaischen a Muelen, bis op d‘Offëllen an d’Glieser ëm hire Bio-Moschter.

Esou entstinn duerch d‘Léift zur Natur an de Virwëtz fir nei Weeër ganz frësch Bio-Liewensmëttel mat kuerzem Transportwee bis bei de Konsument.

Mir si Membere vun:



Shop

Bei eis um Haff am Miller-Shop kënnt Dir ronderëm d’Auer 24/24, 7 Deeg an der Woch akafen. Eist Sortiment ëmfaasst eng Auswiel vun hauseegene a Bio-Produkter aus der direkter Ëmgéigend.

thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-


Aktualitéit



Eis Produkter

Bestellt direkt bei eis vum Haff oder bequem vun doheem aus an eisem Online-Shop op letzhaff.lu. Eis frësch Wuer gëtt éierlech a regional produzéiert.
Fir Froen zu enger Bestellung, zu eise Prokuter oder aner Informatiounen kënnt dir eis iwwer den Kontaktformular kontaktéieren.
Villmools Merci fir Äert Vertrauen a gudden Appetit!

Eis Moschterprodukter
Eis Moschterprodukter

Vu Kichemoschter, iwwer schaarfe Moschter bis hin zu Kräidermoschter fannt dir bei eis alles, no wat Äert Moschterhäerz verlaangt. All eis Moschterzorte ginn aus 100% renge Bio-Bestanddeeler gefaerdegt a kal gemuele, fir all déi ätheresch Ueleger an natierlech Inhaltstoffer ze erhalen. Mir gi keng Aromastoffer, Faarwstoffer, Geschmacksverstärker oder Séissstoffer bäi, mee bei eis schmaacht Dir dat 100% natierlecht Produkt. Ze kafen kritt dir së an lokalen Geschäfter uerchter d’Land oder bei eis um Haff.

> Oplëschtung vun eise Produkter
Eis Zoppenhongprodukter
Eis Zoppenhongprodukter

Mat guddem Gewëssen kënnt dir eis Produkter kafen a genéissen. Eis Zoppenhenger wuessen a Rouh op, mat vill frëscher Loft, Auslaf a Plaz fir hiert natiirlecht Verhalen auszeliewen. Aus dëser artgerechter Haltung entstinn héichwaerteg Produkter vum Haff- vu frëschen Eeër a Gefligelfleesch bis hin zu faerdeg preparéierten Spezialitéiten.

> Oplëschtung vun eise Produkter
Eis Rëndsfleeschprodukter
Eis Rëndsfleeschprodukter

Eist Qualitéits-Rëndsfleesch aus biologescher Zuucht kënnt Dir a ville Geschäfter zu Lëtzebuerg fannen. Ënnert de Labelen “Biomaufel” an “Bio Green Beef” gëtt d’Wuer vun der IVLB (Interessegemeinschaft Vermarktung Lëtzeburger Biofleesch a.s.b.l ) vermaart an, a lokalen Geschäfter ugebueden. Bei groussen Quantitéiten (ab 1/4 Rand) kënnt Dir Iech awer och gären un eis riichten a mir bidden Iech dann d’Méiglechkeet Äert Fleesch direkt vun eis ze bezeihen.

Eis Leguminoseprodukter
Eis Leguminoseprodukter

Eis Leguminosen wuessen op eise Felder am Respekt vun Natur a Buedem.Als wäertvoll Quell vu planzlëchem Eewäiss an Deel vun eiser Wertschöpfungsketten begleede si de Wee vum Feld bis an är Kichen.Mat Suergfalt ugebaut, gebotzt, verpaak an direkt vermaart, stinn sie fir héich Qualitéit, authentesche Goût a bewosste Genoss.Dir fand eis Produkter a verschiddene lokale Geschäfter souwéi direkt bei eis um Haff.

> Oplëschtung vun eise Produkter
Eis Mielprodukter
Eis Mielprodukter

Eist Miel staamt vu Kären déi no strenge biologesche Krittäre bei eis um Haff ugebaut ginn. No der Ernte ginn dës Käre gedresch, gebotzt an duerno lues um Millestee gemue- len. Doduerch bleift de ganze Kär mat Keim, Schuel a senge wichtegen Närstoffer erhale – esou entsteet e richtegt Vollkar-Miel voller Goût a perfekt fir eng gesond an natierlech Kichen.

> Oplëschtung vun eise Produkter


Rezepter



Galerie

thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-
thumbnail-


Kontakt

    Dir hutt eng Fro un eis?
    Schreift eis äert Uleies a mir äntweren Iech esou séier wéi méiglech!
    [honeypot mobile]
    Dir fannt méi Informatiounen an der Dateschutzerklärung.

    BIOHAFF MILLER-MARIANY

    15, op der Tomm
    L-9351 Baastenduerf

    T. (00352) 621 79 33 80


    Deel et mat der
    Welt !!